Challenge-8

Challenge 8 - 01/04/2020
Wéi laang sinn déi zwee Wanderweeër (Autopedestre) zu Veianen?

Kategorie

Topographesch Recherche

Challenge:

intro_wanderweeer.PNG

D’Thema Tourismus huet eng ganz Rei un verschiddene Kaarte fir Beweegung un der frëscher Loft ze plangen. Villäicht ass d’Zäit lo doheem déi richteg fir de Summer ze plangen, a schonn ee virtuellen Tour ze maachen am 3D Viewer vum Geoportail.lu

Kuckt iech mol am Thema Tourismus ëm a probéiert déi 2 Wanderweeër zu Veianen ze fannen. Wéi laang sinn déi, a wéi vill Héichtemeter muss een dobäi zeréck leen, wann een déi of trëppelt?

Hint 1 :

Wanderweeër fënnt een am Thema vum Tourismus, wann dir de Wee bis op Veianen fonnt hutt, kenn dir mat engem klick op de Wee seng Informatiounen offroen.

 

hint_wanderweer.gif

 

Opléisung :

Zu Veianen ginn et 2 Autopedestre Wanderweeër. De Vianden 1 ass 8.52 km laang an et muss een 367 Héichtemeter iwwerwannen. Beim Vianden 2 sinn et 9.49 km an 303 Héichtemeter.