Iwwert eis

Wat ass de geoportal.lu ?

geoportal.lu ass den nationalen Lëtzebuerger Geoportal, eng offiziell staatlech Plattform déi zum Ziel huet fir Geodaten an doropper baséierend Produkter ze sammelen, beschreiwen, ze weisen an ze liwweren. De Geoportal ass vun der Administration du Cadastre et de la Topographie obgebaut ginn op enger Rei vun Basis-Pilieren:

Kaarten

Een primärt Ziel vun Geodaten ass et, fir Inhalter a Form vu Kaarten duerzestellen. Am Geoportal ginn et vill verschidden Kaarteportaler déi Honnerten vun Layeren proposéieren mat Inhalter déi vun topographeschen Hannergrondinformatiounen iwwert Kadaster, Ëmwelt, Waasser, Infrastruktur, Aménagement du territoire bis bei Tourismus an Landwirtschaft reechen. Vill interessant Funktiounen si virgesinn, wéi déi intelligent Sichfunktioun, den Drock-Assistent deen Ausdréck och a ganz grousse Formater erlabt, di einfach Navigatioun an der Kaart, Tooltips, Informatiounen iwwert Layeren, Metadaten, Duerchsiichtegkeet vun de Layeren, verschidde Koordinatesystemer, Permalinken, Zeechefunktiounen an och déi ganz populär mymaps-Functiounen mat denen een éige Kaarte mat perséinlechem Inhalt kann maachen an am Geoportal géréieren.

Online Shop

Schon an der éischter Versioun vum Geoportal gouf et ee Shop, an deem een Kaarten, Datebanken, Vektor- an Rasterdaten, Kadasterauszich an aner Produkter déi eng Relatioun hunn mat Geodaten, konnt kafen. De Shop hängt zesummen mam Katalog wou all d'Produkter no internationalen Normen beschriwwe sinn. De Client gëtt duerch eng Prozedur vun 4 Etappen gelet wou hien fir d'éischt de Produkt erauswielt, dann de geograpchesche Beräich vun der Bestellung festleet, weider Informatiounen ugëtt a schlussendlech bestellt. Verschidde Produkter sinn sou populär dass fir si een éigenen online-Assistent gemaach gouf, den et och fir geleentlech Clienten ganz einfach mecht fir ze bestellen (z.B. bei Kadasterextraiten).

Katalog

Ee wichtegen Aspekt am Beräich vun de Geodaten an domat zesummenhängenden Produkten a Servicer ass d'Obligatioun fir doriwwer ze informéieren an ze no international gëltegen Normen ze beschreiwen. De Katalog vum Geoportal hält sech un d'ISO Nrom 19115 fir Metadaten vun Geodaten, fir all Informatioun am Katalog zu den Daten, de Produkter an de Webservicer déi déi Daten liwweren.

Webservicen

Och wann d'Webservicen vläicht als een ze technescht Thema fir de Laien kënnen ugesi ginn, sou ass et dach een ëmmer méi alltäglechen Moyen iwwert den professionel Notzer vu Geodaten wéi d'Gemengen oder Ministèren an Administratiounen hir Geoinformatiounssystemer inter-operabel maachen an Geodaten aus distanten Datebanken notzen. Am Lëtzebuerger Geoportal ginn et 4 Gruppen vu Webservicen, déi alleguer konform sinn zum OGC sénger  WMS (web map server) and WFS (web feature server) Spezificatioun:

  • den wsetat.geoportail.lu Grupp deen fir de Staatsréseau réservéiert ass
  • den wssec.geoportail.lu Grupp deen um Internet erreechbar ass mee sécuriséiert ass iwwert Passwuert an aner Mëttel
  • den ws.geoportail.lu Grupp deen fräi zougänglech ass um Internet
  • den wsinspire.geoportail.lu Grupp deen Geodaten ubitt déi konform sinn zur INSPIRE Direktiv

"Crowd" editing

Déi iwweraus populär "mymaps" Funktiounen an de Kaarteportaler erlaben et fir éige Kaarten unzeleen an doranner éigen Geodatenobjekter ze zeechnen. Si sinn ideal fir zum Beispill séng Vëlostouren oder Trëppelweeër anzezeechnen an déi Informatiounen entweder mat bestëmmete Frënn ze delen oder se ganz um Internet fräi ze ginn.

Federatioun vun Dateliwweranten

De Geoportal huet de grousse Virdeel dass en als Integrator vun villen amtlechen (an aneren) Dateliwweranten agéiert wéi z.B. Ministèren, Administratiounen, établissements publics,  Gemengen an och Privatentreprisen. Nit nëmmen kann een dofir Daten vun verschiddenem Ursprung an de Kaartefënsteren mateneen gesinn, mee doriwwer hinaus huet déi permanent Kollaboratioun vill bäigedroen zu gemeinsamen Projeten fir Daten ze delen, ze maachen, Projeten ze géréieren an knwo-how weiderzeginn. De Geoportal ass also eng eenzegaarteg Plaz fir de Bierger fir ganz vill verschidden Informatiounen ze kucken, ze notzen an eventuell ze bestellen, an selweschte System.

INSPIRE

INSPIRE ass ee Projet vun der EU Kommissioun fir eng europäesch Geodateninfrastruktur ze schafen. Hei kënnt Di rméi dozou liesen INSPIRE

Allgemenges

De Geoportal ass vun Ufank vun 2007 un online an huet et zu enger wäit méi grousser Popularitéit bruecht wéi mir je erwaart haten. Am Moment gëtt e géréiert an weiderentwéckelt vun engem dédiéierten Team vun 6 Leit.