Domiciliatioun

Zënter dass de SEPA Bezuelsystem an 32 europäesche Länner vum 1. Februar 2014 un agefouert ginn ass, kënnt Dir och op dës Method zréckgräifen an bequem iwwert Domiciliatioun bezuelen.

De SEPA Direct Debit (SDD) System gëtt dem Verbraucher ee systematescht Recht fir säi Geld zréckzekréien, während acht (8) Wochen nodeems d'Suen vum Konto ofgebucht goufen. Um Ufank vun all Mount gëtt eng Rechnung opgestallt déi alleguer d'Liwwerungen vum Mount virdrun oplëscht. De Client huet dann 1 Woch Zäit fir dës Rechnung ze kontrolléieren. No dësem Délai ginn d'Informatiounen un d'CETREL weiderginn déi d'Suen all 15. Dag vum Mount ofbucht.

Wann Dir un enger Domiciliatioun interesséiert sitt, kënnt Dir hei  de Formular fir eng SEPA Domiciliatioun eroflueden, an et ausgefëllt an ënnerschriwwen u folgend Adress schécken:

Administration du Cadastre et de la Topographie 
Service de la comptabilité
B.P. 1761
L-1017 Luxembourg

Wann Dir weider Informatiounen wënscht iwwert d'Domiciliatioun, da kontaktéiert w.e.g. eisen Service de la comptabilité ënnert der Nummer 44901-258. Fir méi Informationen spezifesch zum SEPA Direct Debit (SDD) System, biede mer Iech, op der Webseite vun der ABBL nozekucken.