Ee Kadasterextrait bestellen

Den einfachste Wee e Kadasterextrait ze bestellen ass mat Hëllef vun eisem Online Assistent.

Dëse guidéiert Iech an e puer Etappen duerch de Bestellfirgang. Wielt Äre Verwendungszweck aus, gitt d’Parzellennummer oder d’Matricule an déi néideg Informatioune fir den Traitement an d’Verschécke vun Ärer Commande un.

Op Grond vum Dateschutzgesetz gëtt nëmmen eng Commande pro Client pro Dag akzeptéiert. Fir Demanden iwwert d’Matricule musst Dir e Justificatif (Procuratioun, Carte d’identité) un d’Commande hänken.

D’Unzuel vun de Parzellen, déi Dir auswiele kënnt ass limitéiert an d’Parzelle mussen nieftenee leien.

 Screen Shot 07-20-20 at 04.35 PM.PNG

Bei Froen oder Problemer, zéckt net eise Support iwwer Mail ( support@geoportail.lu ) oder Telefon 247-54401 ze kontaktéieren.