Vector Tiles

Stil Editor

An dësem Artikel erkläre mir Iech wéi Dir kënnt de Stil/Design vun der Stroossekaart änneren.

Vectortiles sinn eng Technologie, déi Iech et erlaabt, de Stil vun der Hannergrondkaart unzepassen. De Stil besteet aus enger Rei Duerstellungsregelen, déi definéiere wéi eng Faarwen/Duerstellung déi ënnerschiddlech Elementer (Bëscher, Stroossen, Gebaier, asw.) sollen hunn, oder wéi d’Texter sollen ausgesinn. Vectortiles erlaben et doriwwer eraus, eng Selektioun vum Contenu vun der Kaart ze maachen. Mir erklären hei kuerz, wéi dat funktionéiert.

Den Ausgangspunkt fir Stil-Changementer ze maachen ass den Standard Stil vun eiser Stroossekaart um map.geoportail.lu. Duerch ee Klick op “Stil zrécksetzen” kommt dir nees op dës Standard-Astellungen zréck.

Screen Shot 04-16-20 at 01.08 PM.PNG

Dir kënnt de Stil am Editiounsmenü änneren. Deen geet op, wann Dir op de Pinsel klickt.   Screen Shot 04-16-20 at 01.11 PM.PNG

An dësem Menü fannt hutt dir 3 Méiglechkeeten:

  • VIRDEFINÉIERTE STYLE AUSWIELEN
  • HAAPTFAARWEN ÄNNEREN
  • ERWEIDERT MÉIGLECHKEETEN

VT1B-L.gif

Virdefinéierte Stil auswielen

Dësen Editiounsmodus mat virdefinéierte Stilen gëtt Iech eng Lëscht vu fäerdege Faarfkombinatiounë mat deenen Dir d'Kaart kënnt afierwen.
VT23-E.gif

Dir kënnt hei och ee Stil, deen iech zouseet, als Grondlag fir eng eege Kreatioun notzen. Dofir wielt Dir ee virdefinéierte Stil aus a wiesselt an de Modus Haaptfaarwen änneren oder Erweidert Méiglechkeeten.

Haaptfaarwen änneren

De Modus Haaptfaarwen änneren erlaabt et Iech fir déi eenzel Thematike vun der Kaart mat enger individueller Faarf ze definéieren. Dir hutt och d’Méiglechkeet fir eng Thematik un oder aus ze schalten, andeems Dir d’Këscht hannendrun uklickt. Donieft kënnt Dir décidéieren ob den Terrain a Form vun engem Relief soll ugewise ginn.

Screen Shot 04-22-20 at 09.18 AM.PNG

Hei kënnt Dir elo Är Faarwen auswielen wei Dir se gären hätt

VT43-E.gif

Erweidert Méiglechkeeten

De Modus Erweidert Méiglechkeeten erlaabt et Iech, de Stil vun der Kaart ouni Aschränkung un ze passen. Mat Hëllef vun dem externe Stil Editeur Maputnik (https://maputnik.github.io/) kënnt Dir all Zort vu Modifikatioun maachen. Wann der fäerdeg sidd, kënnt Dir äre Stil erëm eroplueden.

maputnik_change_color_railway.gif