Mentions légales

Generell Konditiounen

1. Notzkonditioune fir d'Internetsitte vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie:

1.1. Allgemenges

  1. Iwwer de Wee vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie stellt de Lëtzebuerger Staat dem grousse Public Informatiounen, Produkter an/oder Consultatiounsmëttelen zur Verfügung, déi konform si mat senge legalen Attributiounen a Missiounen op den Internetsitten act.public.lu (och zougänglech iwwer cadastre.lu) a geoportail.lu (och zougänglech iwwer geoportal.lu). Dës Sitte sinn an der Suite vum Text als « Internetsitten » (vun der Administratioun) erfaasst.
  2. D'Internetsitte vun der Administratioun riichten sech un ëffentlech a privat Benotzer an d'Benotze vun de Sitten ass gratis.
  3. De Lëtzebuerger Staat kann net responsabel gemaach gi fir e Schued, deen de Benotzer duerch dëse Site kéint kréien, sief dat direkt oder indirekt a Verbindung mat sengem Surfen um Site an dem Benotze vun de Servicer, gradesou wéi a Verbindung mat den Internetsitten, op déi um Site verwise gëtt.
  4. D'Administratioun vum Kadaster an der Topografie behält sech d'Recht vir, dëse Site weiderzëentwéckelen, ze änneren oder ze spären, dëst aus Grënn wéi dee vun der Maintenance, engem Update oder all anerem Grond. Inhalter oder Servicer kënnen zu all Moment, an ouni Ukënnegung am Viraus, erausgeholl, bäigesat an/oder ergänzt ginn. De Lëtzebuerger Staat ka fir keen direkten oder indirekte Schued am Zesummenhang mat esou Ännerunge responsabel gemaach ginn.
  5. Déi allgemeng Notzkonditiounen, déi aktuell gëllen, kënnen zu all Moment, an ouni Ukënnegung am Viraus, geännert oder vervollstännegt ginn, am Zesummenhang mat den Ännerungen, déi um Site gemaach ginn, vun der Entwécklung vun der Legislatioun oder aus all anerem Grond, deen als néideg ugesi gëtt. Et ass um Benotzer, fir sech iwwer déi allgemeng Notzkonditiounen um Site ze informéieren an hie soll sech bewosst sinn, datt just déi aktualiséiert online Versioun rechtsgülteg ass. Et ka sinn, datt vun engem Säitenopruff zum nächsten d'allgemeng Notzkonditiounen um Site geännert hunn, an et ass dann um Benotzer, fir sech virun all neier Visite um Site iwwer déi lescht Ännerungen ze informéieren.

1.2. Dem Benotzer seng Flichten

  1. Jiddwereen, deen Informatiounen, Produkter, Dokumenter an aner Servicer notzt, déi een op den Internetsitte fënnt, huet d'Gesamtheet vun de Begrëffer an den Hiweiser vun dësen Notzkonditiounen zur Kenntnes geholl an akzeptéiert se.
  2. De Benotzer deklaréiert, datt hien d'Risiken heivu kennt an akzeptéiert. Hie muss sech virun den Auswierkunge vun der Softwarepiraterie schützen, andeems e fir eng ugepasst a sécher informatesch Konfiguratioun suergt.
  3. De Benotzer vu geoportal.lu ass sech bewosst, datt d'Opruffe vun de Geoservicer Dateflëss a Recheprozesser generéiert, déi um Niveau vun den Dateserveren enorm sinn. De Benotzer huet all Mëssbrauch bei senge Requêten ze vermeiden.

1.3. Gestioun vun den « Cookien »

  1. D'Internetsitte vun der Administratioun benotze Cookien, déi kleng Textfichieren (heefeg codéiert) generéieren, déi et erlaben, d'Surfen ze vereinfachen an ze verbesseren an duerch déi Informatiounen zum Surfgebrauch vum Benotzer kënnen analyséiert ginn. Si ginn an engem Repertoire hannerluecht, deen et zu dësem Zweck um Benotzer sengem Computer gëtt.
  2. An de Cookien opgelëscht si virun allem den Numm vum Server, deen se geschriwwen huet, en Identifiant a Form vun enger eemoleger Nummer an en Oflafdatum. Den eemolegen Identifiant erlaabt dem Site et, de Computer vum Benotzer bei all Visite erëmzëerkennen. D'Cookië vun enger Sessioun gi vum Benotzer sengem Computer geläscht, esoubal dës Sessioun eriwwer ass. Allerdéngs bleiwen déi persistent Cookien um Benotzer sengem Computer nom Enn vun der Sessioun erhalen.
  3. De Benotzer ka selwer decidéieren, ob en de Servere vun den Internetsitte vun der Administratioun d'Erlaabnes gëtt, fir Cookien op sengem Computer ze späicheren oder net. Hie kann d'Optiounen a sengem Browser esou astellen, datt d'Cookië weder akzeptéiert nach gespäichert ginn. Iwwer säi Browser kann hien zu all Moment Cookië läschen, déi eventuell scho gespäichert sinn.
  4. Refuséiert hien d'Benotze vu Cookien op sengem Computer, kann et sinn, datt verschidde Funktionalitéite vum Site, op deem hien ass, net operationell sinn.

1.4. Verantwortungsaschränkung

  1. De Lëtzebuerger Staat (respektiv d'Administratioun vum Kadaster an der Topografie) suergt fir déi beschtméiglech Sécherheet vun der Software. Allerdéngs kéint de Staat am Fall vun Attacken op de Computersystem oder am Fall vun zäitweilegem oder ganzem Ausfall vum Site net responsabel gemaach ginn.
  2. D'Administratioun vum Kadaster an der Topografie suergt dofir, datt d'Informatiounen oder d'Servicer op hiren Internetsitten esou exakt wéi méiglech sinn. Allerdéngs kéint d'Administratioun net responsabel gemaach ginn, wann en Update vun enger Informatioun oder engem Formulaire net gemaach gouf, am Fall wou et Feeler am Ëmgang mam System gëtt oder wann eng Verschlësselung feelerhaft oder net komplett gemaach ass.
  3. Keng vun den Informatiounen, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, gëtt sech den Usproch, vollstänneg ze sinn, oder fält ënner d'Verflichtung vum Lëtzebuerger Staat. D'Verbreedung an d'Iwwersetzungen dovu gi just zu Informatiounszwecker gemaach.
  4. D'Informatiounen op den Internetsitte vun der Administratioun kompenséieren a kengem Fall eng Berücksichtegung vun de legislativen Texter, déi a Kraaft sinn. Et gëllen ëmmer déi legislativ Texter, déi a Kraaft sinn, och dann, wann et op de Sitte Lacunnen oder esouguer Widderspréch mat den Texter gëtt.
  5. D'Administratioun vum Kadaster an der Topografie weist all Verantwortung fir d'Weiderbenotze vun den Informatiounen an den Donnéeën, déi um Internet vun der Administratioun gewise ginn, zeréck. Den Inhalt ass ganz onverbindlech ze gesinn; deemno kann et sinn, datt Informatiounen oder Donnéeën net komplett, net vollstänneg, net richteg oder net à jour sinn.
  6. D'Informatiounen op dësem Site hunn en allgemenge Charakter. D'Informatioune si kenge perséinlechen oder spezifeschen Ëmstänn ugepasst a kënnen deemno net als perséinlech, berufflech oder juristesch Rotschléi fir de Benotzer ugesi ginn.
  7. All Studie oder Interpretatioun, déi de Benotzer mat Hëllef vun den Informatiounen a Servicer mécht, déi en op den Internetsitte vun der Administratioun kritt, fält exklusiv ënner seng eege Verantwortung an net ënner déi vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie.
  8. D'Informatiounen an d'Donnéeë vum Internetsite geoportail.lu, déi d'Geoprodukter, d'Geodonnéeën an d'Geoservicer betreffen, stame vu verschiddene Fournisseuren, déi de Geoportal benotzen an e mat Donnéeë fidderen. Um Niveau vun der Genauegkeet an der Vollstännegkeet vun Donnéeën, grad esou wéi beim Widdersproch tëschent verschiddenen Donnéeën, kann de Lëtzebuerger Staat a kengem Fall zur Verantwortung gezu ginn.
  9. De Lëtzebuerger Staat iwwerhëlt a kengem Fall d'Verantwortung fir indirekt Schied an ass net verflicht, fir indirekt Schied opzekommen, déi mat Schwieregkeeten an der Ausféierung vum Service oder dem Benotze vun Informatiounen, déi vun aneren iwwermëttelt goufen, ze doen hunn, esou wéi finanziell an/oder kommerziell Nodeeler, Verloscht vu Clienten oder Maartundeeler, sämtlech Betribsstéierungen, Käschtenerhéijung an aner allgemeng Fraisen, Gewënnverloscht, Imageschued, Verloscht vun Donnéeën, vu Fichieren oder vu sämtlechen Informatiksprogrammen. Och gebonnen un en indirekte Schued an deemno ouni Entschiedegungsusproch ass all Aktioun, déi duerch en Drëtte géint de Benotzer geriicht gëtt.

1.5. Intellektuelle Besëtz

  1. Fir dem Benotzer et méiglechst einfach ze maachen, kënnen op den Internetsitte vun der Administratioun Linken op aner Internetsitte stoen. D'Administratioun vum Kadaster an der Topografie kann net verantwortlech gemaach gi fir Inhalter, déi op dësen Internetsitte gewise ginn, sief dat um Niveau vun hirer Legalitéit oder der Genauegkeet vun den Informatiounen, déi een do fënnt.

1.6. Loi applicable et juridictions compétentes

  1. D'Internetsitte vun der Administratioun, all d'Elementer (dorënner och de Layout) an och d'Informatiounen an d'Servicer sinn iwwer d'Gesetzer zum intellektuelle Besëtz an zu den Auteursrechter geschützt.
  2. Wann net anescht festgehal, bewëllegt de Lëtzebuerger Staat keng Lizenz oder Geneemegung fir d'Rechter vum intellektuelle Besëtz, déi hie fir dës Sitten, seng Elementer oder d'Servicer huet.

1.7. Uwendbart Recht a kompetent Geriichtsbarkeet

  1. All Rechtssträit, dee mam Benotze vun den Internetsitte vun der Administratioun zesummenhänkt, ënnerläit dem Lëtzebuerger Recht a fält ënner d'exklusiv Kompetenz vun der Lëtzebuerger Geriichtsbarkeet

2. Spezifesch Notzkonditioune vum Internetsite geoportail.lu

2.1. Objet

  1. Iwwer de Wee vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie stellt de Lëtzebuerger Staat dem grousse Public Informatiounen, Produkter an/oder Consultatiounsmëttelen zur Verfügung, déi konform si mat de legalen Attributiounen a Missiounen um Internetsite geoportail.lu.
  2. De Site geoportail.lu stellt eng Plattform fir Berodung an Austaush vu Geodonnéeën, Geoprodukter a Geoservicer duer, déi vu verschiddene Fournisseure kommen.

2.2. Definitiounen

  1. D'Geodonnéeë sinn informatesch Fichieren, an deene strukturéiert Informatioune stinn, déi eng eendeiteg raimlech Verbindung hunn.
  2. Als Geoprodukter ginn all Zorten Dokumenter ugesinn, wéi Kaarten, Pläng, Extraiten oder soss Dokumenter, déi op de Geodonnéeë baséieren.
  3. Als Geoservicer (webservices) ginn informatesch Programmer ugesinn, déi op Ufro vum Benotzer Geodonnéeën zur Verfügung stellen.
  4. D'Informatiounen, déi d'Geoprodukter, d'Geodonnéeën an d'Geoservicer betreffen, déi an engem Katalog ze fanne sinn (Metadonnéeën), stame vu verschiddene Fournisseuren, déi mam Geoportal zesummeschaffen an e mat Donnéeë fidderen, an déi ënner kengen Ëmstänn de Verwalter vum Geoportal zu eppes verflichten.

2.3. D'Benotzerkonten

  1. Benotzerkonten, mat deenen all Benotzer identifizéiert gëtt, ginn ugeluecht fir:
  • d'Commande vun online Donnéeën,
  • d'Fiddere vum Internetsite geoportail.lu als Fournisseur vun Donnéeën,
  • de Stockage vu personaliséierte Kaarten op de Servere vu geoportail.lu
  • den Zougang zu verschiddenen Informatiounen, deenen hir Rechter vum Gestionnaire vu geoportail.lu, an Zesummenaarbecht mat de respektive Fournisseure vun Donnéeën, verwalt ginn.
  1. D'Informatiounen zum Benotzer, déi an de Benotzerkonte festgehale sinn, gi vun der Administratioun benotzt, fir eng Demande/Leeschtung kënnen ofzewéckelen.
  2. Andeem en e Benotzerkont uleet, akzeptéiert de Benotzer, datt seng perséinlech Donnéeë gespäichert ginn.
  3. D'Benotzerkonte si mat Passwierder geséchert.
  4. D'Benotzerkonte gi vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie verwalt an identifizéieren jiddwer Benotzer op d'mannst iwwer säin Numm. All Benotzer ass selwer verantwortlech fir erfaasst a gespäichert Donnéeën, déi seng Persoun betreffen.
  5. D'Benotzerkonte si streng perséinlech an de Benotzer ass responsabel fir all Commande oder Sich, déi iwwer dëse Kont leeft.
  6. Den Inhaber vun engem Benotzerkont vu geoportail.lu erkennt den exklusiven a private Charakter vu sengem Kont an dem entspriechende Passwuert un. E verréit kengem Drëtten se.
  7. Déi « agreéiert » Benotzerkonten, déi d'Méiglechkeet hunn, Donnéeën u geoportail.lu ze liwweren (Fournisseurskonten), ënnerstinn der Administratioun vum Kadaster an der Topografie a gi vun hir verwalt a verschafft. Si identifizéieren all Benotzer/Fournisseur iwwer säin Numm a seng Adress (Firmennumm fir d'Entreprisen) a gi mat deeneselwechte Modalitéite verwalt ewéi d'Benotzerkonten.

2.4. Zougang zu de Geodonnéeën

  1. geoportail.lu stellt Geoservicer zur Verfügung, déi den agreéierte Benotzer et erlaben, online iwwer d'Benotzerkonten op Geodonnéeën zouzegräifen.
  2. Den Zougang zu de Geoservicer ass entweder gratis oder muss ënner der Berücksichtegung vun de Reglementer, déi a Kraaft sinn, bezuelt ginn.
  3. D'Commandë fir Geodonnéeën a Geoprodukter iwwer geoportail.lu, déi et a Form vu Fichiere gëtt, ginn nom éischten Erofluede 7 Deeg laang versuergt, dëst, fir d'Fichieren erëm kënnen hierzestellen, fir de Fall, wou et Problemer beim Erofluede gouf. Iwwer dësen Delai eraus ginn d'Fichieren automatesch geläscht.
  4. D'Fichieren, déi net erofgeluede goufen, ginn no 1 Mount geläscht, ouni Virwarnung an ouni e Recht op Ersatz.
  5. Wann de Benotzer virun senger Commande keen Devis ufreet, akzeptéiert en implizit de Verkafspräis, dee fir déi ugefroten Donnéeë fixéiert gouf.

2.5. Online bezuelen

  1. D'administrativ Fraisë fir bestëmmt Produkter oder Servicer kënne mat der Kreditkaart iwwer geoportail.lu bezuelt ginn, dëst iwwer de Wee vum Operateur CETREL, Member vum SIX GROUP, deen d'Serviceleeschtungen an Usproch hëlt, déi SIX PAY SA  oder digicash iwwer Payconiq International S.A. offréiert.
  2. D'Donnéeë vun de Kreditkaarte gi weder vu geoportail.lu nach vum Site vum CTIE (Centre des technologies de l'information de l'Etat) verschafft. De Lëtzebuerger Staat gräift also net an d'Bezuelprozedur an an huet zu kengem Moment Zougang zu den Donnéeën, déi sech op d'Bezuele bezéien. Hie kann dowéinst och net verantwortlech gemaach ginn, wann d'App vum Bedreiwer net richteg funktionéiert oder wa Bedruch mat den Donnéeë vun der Kreditkaart gedriwwe gëtt. Am Kader vum Bezuelen ënnerläit e Benotzer den allgemenge Konditioune vum Bedreiwer CETREL oder Payconiq.

2.6. Verschaffe vun Date bei der Gestioun vun der Newsletter

  1. D'Mailadress, déi de Benotzer bei der Umeldung fir d'Newsletter-Abonnement op dësem Site uginn huet, gëtt nëmmen aus Verdeelungszwecker fir d'Newsletter un en Zouliwwerer weiderginn, an dësem Fall d'Firma « Mailjet » mat Sëtz zu Paräis, a Frankräich, déi deeneselwechte gesetzleche Flichten ënnerläit, wat den Dateschutz mat perséinlechem Charakter ubelaangt. Fir de Mëssbrauch ze begrenzen, muss de Benotzer seng Aschreiwung validéieren, andeems en op e Link klickt, deen un d'Mailadress geschéckt gëtt, déi uginn ass.
  2. De Benotzer kann d'Newsletter zu all Moment ofbestellen, entweder iwwer e Link, deen an all E-Mail steet, oder andeem en dat verantwortlecht Organ vum Site kontaktéiert. D'Donnéeë vum Benotzer ginn net méi laang gespäichert, wéi hie fir d'Newsletter ageschriwwen ass.
  3. De Verantwortleche fir dëst Verschaffen ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.

2.7. Verschaffen, dat un d'Verschécke vun automatiséierte Maile gebonnen ass

  1. D'Mailadress, déi bei der Umeldung fir de Benotzerkont op dësem Site ugi gouf, gëtt nëmmen aus Verdeelungszwecker fir automatiséiert E-Mailen un en Zouliwwerer weiderginn, an dësem Fall un d'Firma « Mailjet » mat Sëtz zu Paräis, a Frankräich, déi deeneselwechte gesetzleche Flichten ënnerläit, wat den Dateschutz mat perséinlechem Charakter ubelaangt.
  2. D'Donnéeë vum Benotzer ginn net méi laang gehal, wéi et säi Benotzerkont op dësem Site gëtt.
  3. De Verantwortleche fir dëst Verschaffen ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.

3.Rechtlech Aspekter

3.1. Donnéeë mat perséinlechem Charakter, déi mam Grondregëster zesummenhänken

3.1.1. Legale Kader

  1. Am Kader vum Ausübe vun de legalen Attributiounen duerch d'Gesetz vum 25. Juli 2002, an deem et ëm d'Reorganisatioun vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie geet, verschafft d'Administratioun vum Kadaster an der Topografie, ënner der Autoritéit vum Finanzministère, perséinlech Donnéeën an Zesummenhang mat de Grondregësteren a Gronddateien, déi se verwalt, aktualiséiert a versuergt.
  2. En Deel vun de Gronddateien a Grondfichieren, zesumme mat de perséinlechen Donnéeën, déi domat zesummenhänken, kann zu deene Konditiounen a Modalitéite consultéiert an ausgestallt ginn, déi am Règlement grand-ducal vum 9. Mäerz 2009 festgehale sinn, an deem et ëm d'Bestëmme vun de Konditiounen a Modalitéite beim Ausstelle vun enger Kadasterdokumentatioun geet.
  3. D'Zeréckgräifen op Donnéeë mat perséinlechem Charakter, déi a Verbindung mat de Grondregëstere stinn, ass obligatoresch, fir d'ëffentlech Missioun ze sécheren, déi d'Administratioun vum Kadaster an der Topografie krut, dëst mam Zil, de Patrimoine vum Grondbesëtz ze verwalten an d'Ëffentlechkeet driwwer ze informéieren.
  4. Fir der legaler Verflichtung nozekommen, ginn d'perséinlech Donnéeën, déi d'Parzellen an d'historesch Parzelle betreffen, versuergt a sinn net vum Recht op Vergiessgi vun dësen Informatioune betraff.

3.1.2. Schutz vu Persoune beim Verschaffe vun Donnéeë mat perséinlechem Charakter

  1. Konform zum allgemenge Reglement zum Dateschutz – EU 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Conseil vum 27. Abrëll 2016 – huet all Persoun en Zougrëffsrecht op Donnéeën, déi si betreffen, zu de Konditiounen a Modalitéiten, déi am Règlement grand-ducal vum 9. Mäerz 2009 festgehale sinn, an deem et ëm d'Bestëmme vun de Konditiounen a Modalitéite beim Ausstelle vun enger Kadasterdokumentatioun geet.
  2. All Reklamatioun, an där et ëm d'Rechter vun Interessente geet, déi virdru beschriwwe goufen, ka schrëftlech mat der Post un d'Adress vum Direkter vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie geschéckt ginn oder per Mail un d'Adress dpo@act.etat.lu. Ausserdeem kann och d'national Kommissioun fir den Dateschutz mat enger Demande oder enger Plainte, déi mat de Rechter vun den Interessenten ze doen huet, befaasst ginn.

3.2. Donnéeë mat perséinlechem Charakter, déi mat de Benotzerkonten zesummenhänken

3.2.1. Legale Kader

  1. D'perséinlech Donnéeën, déi fir eng Déngschtleeschtung vun der Administratioun direkt am Guichet opgeholl ginn, grad esou wéi d'Deklaratioun vu perséinlechen Donnéeën, déi iwwer d'Internetsitte vun der Administratioun authentifizéiert ginn, ergi sech reng aus dem fräie Wëlle vum Betraffenen.
  2. Dës Donnéeën hu fir d'Administratioun eng grouss Bedeitung, fir d'Missioun kënnen ze garantéieren, déi de Betraffenen hir gëtt, am Kader vum Ausübe vun de legalen Attributiounen duerch d'Gesetz vum 25. Juli 2002, an deem et ëm d'Reorganisatioun vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie geet, a vum Règlement grand-ducal vum 9. Mäerz 2009, an deem et ëm d'Bestëmme vun de Konditiounen a Modalitéite beim Ausstelle vun der Kadasterdokumentatioun geet.

3.2.2. Schutz vu Persoune beim Verschaffe vun Donnéeë mat perséinlechem Charakter

  1. D'perséinlech Donnéeën, déi direkt am Guichet oder fräiwëlleg iwwer all anere Wee am Kader vun engem Service oder enger spezifescher Déngschtleeschtung opgeholl ginn, bleiwen esoulaang erhalen, wéi de Service oder déi gefroten Déngschtleeschtung dat erfuerdert, a kënne just anonym, fir statistesch Zwecker, benotzt ginn.
  2. D'perséinlech Donnéeën, déi néideg si fir d'Authentifikatioun vun de Konte vu geoportail.lu, ginn esoulaang versuergt, wéi de Benotzer säi Kont bäibehält. De Benotzer kann zu all Moment säi Kont an déi domat verbonne perséinlech Donnéeë läschen.
  3. All perséinlech Donnée, déi de Benotzer, a wat fir enger Form och ëmmer, matdeelt, gëtt konform zum allgemenge Reglement zum Dateschutz – EU 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Conseil vum 27. Abrëll 2016 – verschafft.
  4. All Reklamatioun, an där et ëm d'Rechter vu Benotzer geet, déi virdru beschriwwe goufen, ka schrëftlech mat der Post un d'Adress vum Direkter vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie geschéckt ginn oder per Mail un d'Adress dpo@act.etat.lu. Wann néideg, kann och d'national Kommissioun fir den Dateschutz mat enger Demande oder enger Plainte, déi mat de Rechter vun den Interessenten ze doen huet, befaasst ginn.

3.2.3. Verantwortungsaschränkung

  1. Fir d'Konsequenze vun Déifstall, Verloscht oder dem net rechtméissege Gebrauch vun engem Benotzernumm a sengem Passwuert, iwwer déi sech Zougang zu de Servicer vum Geoportal verschaaft ka ginn, kann d'Administratioun vum Kadaster an der Topografie net responsabel gemaach ginn.
  2. D'Administratioun vum Kadaster an der Topografie behält sech d'Recht vir, bei all Benotzer, deen en Zougangscode huet, bei deem en net rechtméissegen oder falsche Gebrauch festgestallt gouf, den Zougang zu verschiddene Servicer vum Geoportal ze blockéieren. Datselwecht gëllt fir « agreéiert » Benotzerkonten.

3.3. Donnéeë mat perséinlechem Charakter, déi mat de Benotzerkonten zesummenhänken

3.3.1. Legale Kader

  1. D'perséinlech Donnéeën, déi gesammelt ginn, fir de Service SPSLux ze notzen, ergi sech reng aus dem fräie Wëlle vum Interessent a ginn an engem Kont verwalt, dee fir all Benotzer zougänglech ass.
  2. Dës Donnéeën hu fir d'Administratioun eng grouss Bedeitung, fir d'Missioun kënnen ze garantéieren, déi den Interessent hir gëtt, am Kader vum Ausübe vun de legalen Attributiounen duerch d'Gesetz vum 25. Juli 2002, an deem et ëm d'Reorganisatioun vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie geet, a vum Règlement grand-ducal vum 9. Mäerz 2009, an deem et ëm d'Bestëmme vun de Modalitéite fir d'Zurverfügungstellen a fir d'Tariffer vun de kartografeschen, topografeschen a geodätesche Produkter vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie geet.

3.3.2. Schutz vu Persoune beim Verschaffe vun Donnéeë mat perséinlechem Charakter

  1. D'perséinlech Donnéeën, déi néideg si fir d'Authentifikatioun vun de Konte vun SPSLux, ginn esoulaang versuergt, wéi de Benotzer säi Kont bäibehält. De Benotzer kann zu all Moment säi Kont an déi domat verbonne perséinlech Donnéeën änneren oder läschen. Dee Moment, wou de Benotzer säi Kont läscht, verléiert en och all Zougang zum Service vun SPSLux.
  2. All perséinlech Donnée, déi de Benotzer, a wat fir enger Form och ëmmer, matdeelt, gëtt konform zum allgemenge Reglement zum Dateschutz – EU 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Conseil vum 27. Abrëll 2016 – verschafft.
  3. All Reklamatioun, an där et ëm d'Rechter vu Benotzer geet, déi virdru beschriwwe goufen, ka schrëftlech mat der Post un d'Adress vum Direkter vun der Administratioun vum Kadaster an der Topografie geschéckt ginn oder per Mail un d'Adress dpo@act.etat.lu. Wann néideg, kann och d'national Kommissioun fir den Dateschutz mat enger Demande oder enger Plainte, déi mat de Rechter vun den Interessenten ze doen huet, befaasst ginn.

3.3.3. Verantwortungsaschränkung

  1. D'Administratioun vum Kadaster an der Topografie behält sech d'Recht vir, den Zougang bei all Benotzer, bei deem en net rechtméissegen oder falsche Gebrauch vum Service SPSLux festgestallt gouf, ze blockéieren.