Eng Adress fannen

Fir eng lëtzebuerger Adress kënnen ze lokaliséieren, benotzt een am beschten dat allgemengt Kaarteportal vum Geoportal.

Am Sichfeld iwwert der Kaart tippt een Deel vun der gesichter Adress an, wéi am Bild gewisen:

LU_map_search_address

D'Sichfunktioun liwwert eng Lëscht mat Resultater aus deenen Dir kënnt déi gewënschten Adress duerch Klicken eraussichen. D'Kaart zentréiert sech op déi gewielten Adress:

LU_map_search_address.png

Opgepasst: Vermeid w.e.g. bei der Sich no Adressen, fir ganz Adressen anzetippen. Wann een z.B. 54 avenue Gaston Diderich sicht, dann geet "54 did" als Angab duer fir dass d'Sichfunktioun des Adress fënnt. Wann een do alles wëllt tippen an sech vertippt (z.B. "Diederich" amplaz "Diderich") dann kann et sinn dass d'Sich déi gewënschten Adress nitt fënnt.