Wéi geocodéiren ech Adressen?

De Geocodage ass eng Operatioun déi doranner besteet fir bei eng Adress déi dozou gehéireg Koordinaten ze sichen. Domat gëtt et méiglech fir Informatiounen déi un eng Adress gebonne sinn, op enger Kaart duerzestellen. De Geoportal bitt eng sëllechen Weeër un fir Adressen ze geocodéieren.:

1) Eng Adress sichen an der Kaartefënster vum Geoportal.

Am Sichfeld kënnt Dir een Deel vun der Adress aginn an op dat gesichtent Resultat an der Lëscht klicken. D'Kaartefënster zoomt op dësen Adresspunkt, an do kënnt Dir d'Funktioun (Link op dësen Objet) benotzen fir d'Positioun vum Punkt weiderzeginn.

2) D'Geocoding-Funktioun aus der API vum Geoportal benotzen.

Liest dofir w.e.g. eis online Dokumentatioun.

3) Eise Geocoding-Webservice benotzen.

De Geoportal bitt een speziellen REST Webservice un, mat dem een direkt Adressen kann geocodéieren. Liest zu dem Thema w.e.g. eis online Dokumentatioun.

4) POI Manager

De Geoportal bitt eng nei Applikatioun fir d'Gestioun vun POI-Daten. Domat kann een Lëschten vun "Points of interest" lueden, géréieren a publizéieren, an si bitt och eng Funktioun fir déi Punkten ze geocodéieren. Fir all Punkt rechent de Programm automatesch eng geographesch Positioun an der Kaart op der Basis vun de Koordinaten déi d'Geocoding-Funktioun liwwert. De Benotzer kann awer manuell all Punkt op der Kaart réckelen fir se sou ze placéieren dass se der Realitéit genau entspriechen.

Wann Dir um POI-Manager interesséiert sidd, maacht w.e.g. eng Demande bei der Kadasterverwaltung.