Challenge-2

Challenge 2 - 24/03/2020

Sicht wou haut den Institut national de l'Administration Publique ass,

a fannt eraus wat 2001 op där Plaz war.

Kategorie

Loftbild Recherche

Challenge:

Screen Shot 03-23-20 at 06.03 PM.PNG

Wann Staatsbeamten an d’Schoul mussen goen dann maachen se dat um INAP zu Bouneweg an der Staat. Dat Gebai stoung awer nach net ëmmer do. Probéiert mol an den Orthophotoen (Loftbiller) eraus ze fannen wat 2001 op der Platz war.

Du kanns dir awer och däin Duerf méi genau ukucken. 

  • Ginn et eng nei Cité oder Strooss bei dir am Duerf säit 2001 ? 
  • Wéi vill Haiser sinn dann bäi komm?
  • Wéi huet däin Doheem ausgesinn, wéis du op d'Welt komm bass?

Kenns du nach flott Platzen wou sech vill verännert huet? Dann schreif eis se als Äntwert op Twitter oder Facebook.

Hint 1 :

Am Thema vun der Uewerflächenduerstellung (Couverture du sol) fënnt en déi ganz Sammlung vun all den Loftbiller déi jeemools vum Kadaster geflunn ginn sinn. Och dat vun 2001.

Weider flott Verännerungen kanns du dir un folgenden Platzen ukucken:

geochallengeinap.gif

Opléisung:

Do ware Tennis-terrainen : http://g-o.lu/3/jaDb

geochallengeinapsolution.gif