Geo-Challenge
Hei fannt dir wärend der Schouldoheem Period hei all Dag een Geo-Challenge, deen dir doheem unhand vum http://map.geoportal.lu kënnt léisen.
Vill Spaass dobäi
Challenge 1 - 23/03/2020
Oplëschtung vun den Dierfer laanscht d‘Uelzecht
Challenge 2 - 24/03/2020
Sicht wou haut den Institut national de l'Administration Publique ass,
a fannt raus wat 2001 op där Plaz war
Challenge 3 - 25/03/2020
Wat ass di gréissten an waat déi klengsten Distanz tëscht 2 bestoenden Wandmillen zu Lëtzebuerg?
Challenge 4 - 26/03/2020
Wéi vill Heiser/Gebaier goufen ët 1778 zu Sandweiler?
Challenge 5 - 27/03/2020
Op wéi engem Loftbild ass de Centre Commercial um Tossebierg (Belle Etoile) fir d'éischte kéier drop ze gesinn?
Challenge - 6 30/03/2020
Wéi ass de geneeën Tracé vum Tram um Houwald / op der Cloche d'Or?
Challenge 7 - 31/03/2020
Zeechen deng eegen Kaart mam Geoportail.lu!
Challenge 8 - 01/04/2020
Wéi laang sinn déi zwee Wanderweeër (Autopedestre) zu Veianen?
Challenge 9 - 02/04/2020
Wéi vill Stonne schéngt d’Sonn am Haff vun der Abtei Iechternach am Summer? An wéi vill am Wanter?