School

School

De nationale Geoportal vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ass déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën an Déngschter.

Iwwer de Kaarteportal hues du Zougang zu digitale Kaarte vum Groussherzogtum zu verschiddenen Themen. Fir d’Kaartegrondlag kanns du tëscht verschiddenen Hannergrondkaarten auswielen: Stroossekaart, faarweg oder schwaarz-wäiss topographesch Kaart oder Loftbild.

D’Layeren fënns du am Katalog. Si sinn a verschidden Themen agedeelt, zum Beispill Tourismus, Ëmwelt, Waasser oder Landwirtschaft. Am Beräich „School“ fënns du all d’Layere, déi’s du fir deng Aufgabe brauchs. Iwwer d’Sichfeld kanns du geziilt no Layere sichen an se uweise loossen.