Challenge-7

Challenge 7 - 31/03/2020
Zeechen deng eegen Kaart mam Geoportail.lu!

Kategorie

GIS Analyse

Challenge:

planning.jpg

De Geoportail erlaabt net nëmme Kaarten ze kucken, mee et kann een och selwer Kaarten zeechnen. Dat wëlle mir haut mol ausprobéieren, an dofir di mir d’Kap vun engem Urbanist oder Landesplaner un. Dat sinn déi Leit déi sech Gedanke machen, wéi eis Dierfer oder Stied sollen entstoen oder wuessen, sou dass déi Leit déi do schaffen oder liewen sech wuel fillen. Dat ass eng ganz komplex Aufgab, well et gëllt vill ënnerschiddlech Uspréch an engem Plang ze vereenen.

An eisem vereinfachte fiktive Beispill plange mir een neie Quartier am Nord-Oste vu Rued-Sir. Nieft neie Wunnhaiser a Stroossen sollen och Platz fir Entreprisë virgesi ginn, an Infrastruktur wéi Schoulen, Kulturzenter an ee Park mat Spillplaz, Weier a Weeër.

Opgepasst: Einfach drop lass Zeechnen ass awer keng sou gutt Iddi, fir dass déi zukünfteg Awunner zefridde sinn, sollen d’Wunnhaiser sou geplangt ginn dass d’Belaaschtung duerch Kaméidi (Flughafen oder Zuch) oder de Risiko duerch Héichwaasser minimal ass.

Am Thema vun der Ëmwelt fënnt ee Kaarten zu dem Kaméidi an am Thema vum Waasser fënnt een Héichwaassergeforekaarten.

Klick hei fir de Perimeter vum neie Quartier ze gesinn. http://g-o.lu/3/rRgN

Du kanns dëse gären als Start fir däi Plang notzen. Wéi däi Quartier herno ausgesäit ass dir iwwerlooss, mir géingen eis freeë fir eng Foto per Twitter, Facebook, oder Email (support@geoportail.lu) ze kréien.

intro_maps.gif

Fir déi, déi sech nach bësse méi mat der „MyMaps“ Funktioun vum Geoportail.lu wëlle beschäftege gëtt et hei een Tutorial Video:

https://www.youtube.com/watch?v=WnItt51DMs0

Hint 1 :

Héichwaassergeforekaarte fënnt een am Thema vum “Waasser” -> Héichwaasserrisikomanagemenrichtlinn (Scrable-Game-Changer-Wuert) -> Projet vun den Héichwaassergeforekaarten 2019

Hei ginn et verschidde Simulatiounen. HQ10 steet fir Héichwaasserstänn déi an der Moyenne all 10 Joer kënnen antrieden. HQ100 steet da fir 100 Joer an HQ extrem fir nach méi rare Héichwaasserstänn. Dës Simulatiounen enthalen awer nëmmen dat Héichwaasser dat vun de Flëss kënnt. Et ginn och sougenannte „Staarkreen bedenkten“ Héichwaasser Situatiounen, déi kënnen iwwerall optrieden, a stinn net a Relatioun mat Flëss.

Kaméidi-Verbreedungs-Simulatioune fënnt een am Thema „Ëmwelt“ -> Emweltkaméidi

Hei ginn et d’Kategorie „Stroossen“, „Eisebunn“ an „Fluchhafen“. Fir dësen Challenge kënnt dir Iech op „Lden“ Analyse vun 2016 konzentréieren. Béi de Kaméidi Analyse gëtt hei tëscht dem Kaméidi iwwert de ganzen Dag (Lden) an dem Kaméidi an der Nuecht ënnerscheet (Lngt).

Opléisung :

Bei dëser Challenge gëtt et kee richteg oder falsch, just zefridde fiktiv Awunner vun Nord-Ost Rued-Sir, a manner zefriddener.

Ee Beispill vun enger Léisung kenn dir awer hei kucken. http://g-o.lu/3/L7MK

solution_maps.gif