Challenge-10

Challenge 10 - 03/04/2020 
Ee Merci an Eeërform !

 

Kategorie

Topographesch Recherche

Challenge:

intro_ouschtereeer.JPG

Am Februar 2019 gouf een 3D Laserscan vu Lëtzebuerg gemaach. An d’Resultat dovunner ass eng Punkt-Wollek déi dir ënner https://lidar.geoportail.lu entdecke kënnt. Als Merci dass du dech fir de Geo-Challenge interesséiert hues, hunn mir e puer Ouschtereeër am Land verstoppt. Déi sollten einfach ze fanne sinn, et sinn nämlech grousser! 5 m sinn déi kleng an 20 m déi grouss, easy déi ze fannen? Dann probéier mol däi Gléck.

Opgepasst: Aus technesche Grënn kënnt dir d’Eeër-Sich net op engem Tablette maachen. Dir braucht schonn ee Laptop oder een Desktop-Computer.

Klick hei fir d’Eeër-Sich ze starten: https://lidar.geoportail.lu/eggs/eggs.html

Hei eng Navigatiounshëllef:

A,W,S,D oder Feil-Taste beweegen de virtuellen Helikopter no lenks, no fir, no hannen an no riets.

R,F loossen den Helikopter erop resp. Erof fléien.

Mat der Maus kënnt dir de Bléckwénkel änneren a mat dem Mausrad kann een d ‘Geschwëndegkeet vum Helikopter änneren.